top of page

Vous pouvez partager ce texte à condition d’en les auteurs L Stephany/Y Mathey et le site: www.aterterdaul.be, en référence sur vos pages

Schuedeck - Schadeck

Legenden

Zu Schuedeck gët eng Hex gebaatscht

Zu Schuedeck war emol e Meedchen plëtzlech geckech ginn, an all Mëttel, déi fir seng Helung gebraucht si ginn, waren emsoss gewiescht. Du ass dem Meedche säi Schwor, bai deem d'onglécklecht Meedche gewunnt huet, bäi ee Paschtouer an d'Eisleck gaang an huet hie fir  Rot an Hëllef gebiet. De Paschtouer sot: "Mäi gudde Mann, wann dir  heem kommt dann huelt e Schoofshaerz, spickt et iwwerall mat dënnen, zween Zoll laangen Neel a verbrennt et am Héil. Wann dir awer um Heemwee duurch de Wald kommt da gesitt dir ee Koup Hexen, déi plakeg op de Beem sëtzen a Musek spillen. Gitt da roueg ieres Wee weider, kuckt nit zu den Hexen hinn an och nit hannerun iech. Doheem awer verbrennt d'Haerz, esou wéi ech iech et gesot hunn, a loosst déi al Fra, déi an d'Haus wëllt kommen, nit eran; well d'Fra ass d'Hex déi d'Meedchen onglécklech gemeet huet.

Wéi de Mann heem ass koum, huet hien och gemeet wéi de Paschtouer him geroden hat. Wéi d'Hex koum an all Dir gespaart huet fond, ass si duurch d'Héngerlach an d'Haus geschloff. Hei gouf si awer vum Bauer erwëscht a gutt ausgebriggelt, esou wéi si et verdéngt hat, a fortgejot. Wéi d'Schoofshaerz ganz verbrannt war, war d'Meedchen geheelt; awer hanneno ass et nach ëmmer e bessen domm bliwwen.

De 1888 aux années 1950, il existait à Schadeck un institut d'enseignement moyen l"Institut Molitor": Ecole moyenne libre, école de français, école agricole et école de mécanique-électricité. Quatre sections qui servaient bien la région rurale. (www.attert.be, histoire de la vallée)

Ce site utilise des cookies.  Vous pouvez les supprimer via votre navigateur.

Vos données, lorsque vous remplissez le formulaire de contact ou nous contactez par mail ne servent qu'à vous informer de nos activités.  Vos données ne seront jamais communiquées à des tiers.  Vous avez le droit de vous désabonner, de demander que l'on ne vous envoie plus de mail et de demander à voir les données qui vous concernent.

© 2019 Yolande Mathey.  Créé avec Wix.com     Photos / textes copyright Louis Stephany Thiaumont  cartes anciennes de la collection de G. Thommes

bottom of page