
Aterter Daul
a ronderem...
Toponymie et Hydronymie, histoire et légendes
dans la Vallée de l'Attert et alentours
Vous pouvez partager ce texte à condition d’en les auteurs L Stephany/Y Mathey et le site: www.aterterdaul.be, en référence sur vos pages
Tontel - Tontelange
Legenden
De Kaiser Titus um Heideknapp tëschent Tontel an d'Platinerei
Wéi de Réimer Kaiser Titus um Heideknapp bäi Tontel gehaust huet, wou hien der So no ee befestigte Lager opgeschloen hat, huet hien enges Dags eng Stëmm héieren déi hien dräimol mat sengem Numm geruff huet a vun him verlaangt huet säi Lager opzehiewen an no enger wäit entléener Stad am Süden ze zéien, wou hie bannent enger gewëssener Zäit mat senger Arméi ukomme misst. Den Titus war iwer déi onheemlech Stëmm an deem ratselhaften Uerder ganz verwonnert an huet seng Genereel zesumme geruff, fir hine matzedeele wat geschitt war.
-"Awer" sot hien endlech, an deems hien op seng Lanz gewisen huet, "et wir éischter méiglech dass aus dësem dire Lanzestill eng Lilie géif wuessen, wéi dass mir d'Stad erreeche kënnen an der gesoten Zäit!" An, o Wonner! Kaum hat den Titus dat Wuurt gesot, du as och schon eng herrlech, schnéiwäiss Lilie op senger Lanz gewues. Du as all Zweiwel verschwonn, an nach am selwechten Abléck as den Titus mat senger Arméi zum Süde gezunn.












Wie war den Titus ? Qui était Titus ?
Titus Flavius Sabinus Vespasianus naquit à Rome en l'an 40 et mourut dans la Sabine en 81 après J.C., après avoir régné pendant 27 mois comme empereur, emporté par une fièvre pernicieuse . Fils de Vespasien, élu à la cour de Néron, il se signala en Germanie où Trévires Germains et Bataves se rebellèrent une dernière fois contre l'envahisseur romain, de 69 à 70 après J.C., menés par le noble Trévire Julius Classicus et un grand officier, romain Julius Civilus. Il combattit aussi en Grande Bretagne. En 67, Titus accompagne son père en Judée et y fut chargé du siège de Jérusalem en 69 après J .C. . De retour à Rome, il partagea le pouvoir avec son père devenu empereur auquel il succéda en 79, un an après la catastrophique éruption du Vésuve qui ensevelit Herculanum et Pompeï .
II continua le gouvernement réparateur de son père. Eloquent poète et musicien, homme de guerre et administrateur habile, il fut d'une grande prodigalité et fort populaire.
Son nom passa à la postérité pour désigner un prince humain et bienfaisant. (d'après Le Larousse du XXe s et Vor-und Frühgeschichte Luxemburgs von G.Thill)

D'Wichtelcher um Heideknapp bäi Tontel
Um Heideknapp tëschen Tontel an d'Platinereismille loug ee Steen ënner deem den Agang zu den Hiele vu weise Wichtelmännercher mat laang Bäärt war. Déi Zwerge ware ganz wakreg a kënschterlech. Déi eng hu Kessele gerneet oder gefléckt, déi aner hu sech mat Blummenaarbecht beschäftegt oder déi allerschéinst Konschtwierker verfäerdegt. An deejenegen deen an de stele mondhelle Nuechten iwert den Heideknapp gang as, huet gewéinlech d'lëchtegt an hellt Cehummers vum Vëlleckchen an der Déift héieren.
Awer och de aarme Landsleit sollen déi léif Wichtelcher eng behëllefleg Hand ugeluegt hun.
D'Katz bäim Wëll-Fra-Haus
Op engem Sonndeg Nomëtteg, as eng Fra vu Bunnert zur Platineriemille gaang a fir hire Wee ze kiirzen, huet si de Pad dee riicht iwer vum Wëll-Fra-Haus agong geholl. Op hirem Aarm huet d'Fra hiirt Kand gedroen. Plëtzlech gesoug si viru sech, op engem decke Steeblock, eng laanghoreg Kaz sëtzen.
-« Kuck déi schéi Miissi ! » sot d'Fra zum Kand an as méi no zur Kaz zougaang mä déi as roueg sëtze bliwwen. Du hëfft d'Fra ee Fouss an d'Luucht a wollt esou d'Déier verjoen. Awer d'Kaz huet sech nët vu Plaz geréiert an huet d'Fra mat hire groussen Aen esou droleg, fix a kal ugekuckt dass dëss vu geheimnisvollem Schreck ergraff, séier dervu gelaf as.
-« Missi !Missi ! » huet d'Kand geruff. A wéi d'Mamm, no etwa siwe Schrëtt hanneru sech gekuckt huet, souz aplaz vun enger Kaz e groussen Hues op engem Steen.
Eng aner Kéier, koum owes ee Mann dee soss näischt gefaart huet, bleech ewéi eng Läich heem. Seng Lëschtegkeet war verschwonn an esou laang dass hie geliéft huet, huet een e ni erëm laache gesinn. Senger Fra huet en zougin enger Kaz bäim Wëll-Fra-Haus begéint ze sin. Wat him awer geschitt war, huet kee konnt gewuer gin.





