
Aterter Daul
a ronderem...
Toponymie et Hydronymie, histoire et légendes
dans la Vallée de l'Attert et alentours
Vous pouvez partager ce texte à condition d’en les auteurs L Stephany/Y Mathey et le site: www.aterterdaul.be, en référence sur vos pages
Schackeler - Schockville
Legenden
D'Klack vu Schackeler
Zu Schackeler hate se eng Klack déi stéits gelauden as gi wann en Donnerwieder am komme war an ni hat een Donnerwieder ganz vill Schued zu Schackeler gemeet. Do as, elo gin et etlech Joren, e Sträit am Duerf gi wéint deem Lauden, an duerop soll du d'Klack bäi engem Donnerwieder nit méi gelaut gin. Dëst Ennerbriechen vun esou engem urale Brauch huet awer deier kascht. Enges Daags as e schaarft Donnerwieder iwer Schackeler ausgebrach, a Reen, Blëtz a Knëppelsteng hun unendlech grouse Schued op de Stécker déi an der Bléi waren, gemeet.
D'Awunner hun an deem Ongléck eng Strof vum Himmel erkannt a vun deem schlëmmen Dag un hu si ni méi vergies d'Klack, bäim Ufänke vun engem Doner wieder, ze lauden.